Centre Lumali
15/06/2026
✨ Sophrologie – e Moment fir bei DIR selwer unzekommen ✨
An enger Welt, déi sech ëmmer méi séier dréint, gëtt et heiansdo schwéier, sech selwer nach wierklech ze héieren. 🌿
D’Sophrologie ass eng sanft Method, déi Otmung, Entspanung a Visualisatioun kombinéiert, fir Kierper a Geescht nees an Harmonie ze bréngen. Si hëlleft dobäi, Stress ze reduzéieren, Emotiounen besser ze geréieren, d’Selbstvertrauen ze stäerken an e méi grousst Wuelbefannen am Alldag ze fannen. ✨
Egal ob Dir duerch eng schwiereg Zäit gitt, méi Rou sicht oder einfach erëm méi bewosst am Moment wëllt liewen – d’Sophrologie kann Iech dobäi begleeden.
🌸 Well heiansdo läit déi gréisst Verännerung doran, sech e Moment Zäit fir sech selwer ze schenken.
Mir si frou, Iech dës wonnerbar Approche elo och am Centre Lumali kënnen unzebidden. 🤍
_______________________________________
✨ La Sophrologie – un moment pour revenir à soi ✨
Dans un quotidien souvent rythmé par le stress, les responsabilités et les pensées qui s’enchaînent, il n’est pas toujours facile de prendre le temps de s’écouter réellement. 🌿
La sophrologie est une méthode douce qui associe la respiration, la relaxation et la visualisation positive afin de retrouver un équilibre entre le corps et l’esprit. Elle permet de mieux gérer le stress, les émotions, de renforcer la confiance en soi et d’améliorer le bien-être au quotidien. ✨
Que vous traversiez une période difficile, que vous ressentiez le besoin de ralentir ou que vous souhaitiez simplement retrouver davantage de sérénité dans votre vie, la sophrologie peut vous accompagner sur ce chemin.
🌸 Parce que parfois, le plus beau cadeau que l’on puisse se faire est simplement de prendre un moment pour soi.
Nous sommes heureux de pouvoir vous proposer cette belle approche dès à présent au Centre Lumali. 🤍
14/06/2026
✨ Guidéiert Vollmound-Meditatioun & Soundhealing ✨
E Moment fir dech. E Raum fir däin Häerz. Eng Rees zeréck bei deng Kraaft.
Beim Vollmound dréit d’Liicht vum Himmel all eis Gefiller méi no un d’Uewerfläch. Et ass eng Zäit vum Lassloossen, Heelen a sech selwer erëmfannen. An dëser guidéierter Meditatioun begleede mir dech douce duerch e Prozess vun Entspanung, Kloerhaat a Verbindung – mat dir, mat dengem Kierper a mat dem Rhythmus vum Universum.
Duerch de Soundhealing mat verschiddene Instrumenter a Frequenzen däerfs du dengem Nervesystem eng déif Rou schenken. D’Vibratiounen hëllefen dem Kierper al Spannungen ofzeginn an d’Séil erlaabt sech, méi liicht ze ginn.
Dës Vollmound-Meditatioun ass eng Invitatioun:
✨ fir dat ze entloossen, wat dech beschwéiert
✨ fir nei Energie an däi Liewen anzelueden
✨ fir deng Intuitioun ze stäerken
✨ fir dech an dengem Häerz z’erënneren, wéi staark, ganz a geschützt s du bass
🌕 Komm an dëse vertraute Raum vun Heelen, Klang a Liicht. 🌕
Hei däerfs du einfach sinn.
Hei däerfs du ootmen.
Hei däerfs du bei dir ukommen.
Christelle & Maryse 🙏🏽
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Site Web
Adresse
325 Route De Longwy
Rodange
4831