LetzBeAware

LetzBeAware

Partager

Hei ass keen eleng!

Photos from LetzBeAware's post 16/06/2026

❗Triggerwarnung: Suizid

De Louis erzielt vu senger Erfahrung als Mann mam Thema "mental Gesondheet":

"Mir ass et nach nie liicht gefall iwerhaapt iwert dat Thema ze schwetzen, a scho guer net mat aanere Männer. Leider gëllen do nach ëmmer dei üblech Viruertdeeler a soumadder stoussen ech generell bei Männer op vill manner Verständnis.

Dat deet mir als Betraffenen natierlech dann emsou méi wéi, ze mierken wéi wéineg eis (männlech) Gesellschaft sensibiliséiert an opgekläert ass, virun allem beim Thema Suizid.

Ee Mënsch huet an esou Momenter just nach ee Gedanken: den Tunnelbléck op en Auswee ouni Leiden an Péng, well ee Symptom vu ville mentalen Erkrankungen ass, engem all Hoffnung ewechzehuelen, datt et je sollt besser goen.

Et mecht engem déi Situatioun leider dann nach méi schwéier, wann ee weess, dass engem säin Auswee als Mann bei aneren nach méi op Kritik stéisst: et wier een “net staark genuch”, et misst ee säi “Mann stoen” ouni eng Tréin ze verléieren.

Dat zeigt vu purer Ignoranz: Ech dierf kräischen, well ech och als Mann Emotiounen hunn, ech däerf mech depressiv fillen, well ech och als Mann net immun géint mental Erkrankunge sinn, an ech dierf heiansdo keen Auswee méi gesinn, esou wéi all déi aner Männer, déi entweder nach weiderkämpfen oder déi mir duerch dës Krankheete verluer hunn.

Jo, ech sinn ee Mann. Ech sinn awer op der éischter Plaz ee Mënsch."

𝐖𝐚𝐧𝐧𝐬 𝐝𝐮 𝐚𝐧𝐞𝐫𝐞 𝐌ä𝐧𝐧𝐞𝐫 𝐞𝐞 𝐌𝐞𝐬𝐬𝐚𝐠𝐞 𝐤é𝐢𝐧𝐬 𝐠𝐢𝐧𝐧, 𝐰é𝐢 𝐠é𝐢𝐟 𝐝𝐞𝐞𝐧 𝐚𝐮𝐬𝐠𝐞𝐬𝐢𝐧𝐧?

"Bass du e Mann an en aanere Mann deelt sech dir mat oder du weess dass hien mat der mentaler Gesondheet an Suizidgedanken ze kämpfen huet? SO NET: “Sief ee Mann!” MEE: “Du bass e Mënsch, ech respektéiren dech an du solls esou staark sinn, wéi et grad nëmmen geet! Ech lauschteren dir no a jugéiren dech net!”"

Als Ausdrock vun denger Solidaritéit, dierfs du gär een 💚 an de Kommentarer hannerloossen an de Post deelen.

30/05/2026

Grad wann d'Steng haut schwéier ze droe waren.

Schéck dat un een, op deens du haut stolz bass. 💚

31/01/2026

New-age Self-Care esou…

Wann „u mir selwer schaffen“ zur Ausried gëtt fir d'Verantwortung ofzeginn.

Vous voulez que votre entreprise soit Société De Santé Et De Beauté la plus cotée à Luxembourg ?
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Site Web

Adresse


Luxembourg