Sam Tanson
11/03/2026
D’Petrolspräisser klammen nees – an domat och de Risiko vun enger neier Energiekris.
De Konflikt am Noen Osten weist nach eng Kéier eng onbequeem Wourecht: soulaang Europa vu fossillen Energien ofhängeg bleift, wäert all geopolitësch Kris och direkt eis Energiepräisser beaflossen.
Fir Stéit an Entreprisen heescht dat méi héich Käschten, méi Inflatioun an eng nei Belaaschtung fir d’Kafkraaft.
Ech hunn haut de Moien an engem Interview beim radio 100,7 iwwert dës Situatioun geschwat.
Zesumme mat menge Kolleg*innen hu mir och en oppene Bréif un de Premierminister geschéckt. Eis Fuerderunge :
➡️ Stéit an Entreprisen virun neie Präisschocke schützen.
➡️ D’Ofhängegkeet vu fossillen Energien konsequent reduzéieren.
➡️ Keng Verwässerung vun de bestoenden Instrumenter.
Fossil Energien sinn net nëmmen e Klimaproblem. Si maachen eis och wirtschaftlech a geopolitësch verwonbar.
All Energiekris weist eis dat selwecht: déi bescht Äntwert ass méi séier op propper an lokal Energiequellen ëmzestellen.
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Contacter la personnalité publique
Site Web
Adresse
Luxembourg