JS-Osten
Den 10.12.12 ass déi éischt Lokal-Sektioun vun der JSL am Osten gegrënnt ginn: d'JS-Osten.
29/08/2024
Gëschter Owend hate mir nees eis traditionellt Iessen op der Schueberfouer!🍔🍟🎢
Wéi all Joer hu mir eis gutt amuséiert an interessant Iddien ënnerteneen ausgetosch!😃
21/03/2024
Gëschter hate mir eis Generalversammlung am Bistro Quai zu Grevenmacher☺️
An der Exekutiv gouf et e puer grouss Ännerungen. D‘Margot huet no 3 Joer aus perséinleche Grënn als Präsidentin opgehaal. Mir soen him ee grousse Merci fir seng wonnerbar Aarbecht! De Marvin iwwerhëlt ab elo d‘Präsidentschaft, de Charel ass Sekretär an de Mike ass Caissier.
Mir wëlle jidderengem villmools merci soen dee gëschter présent war fir eis ze ënnerstëtzen!😄
Elo gëllt et als jonk an dynamesch Equipe mat voller Motivatioun no vir Richtung Europawalen ze kucken!🌹💪
23/11/2023
Gutt 6 Wochen no de Walen, hunn sech d'Membere vun der LSAP Osten am Bistro Quai zu Gréiwemaacher versammelt, fir de Bilan vun der Walcampagne ze zéien - och d’JS-Osten war hei invitéiert. Et si flott Diskussiounen entstanen aus deene kreativ Ideeën resultéiert sinn, wéi d'LSAP Osten hirem neie Rôle an der Oppositioun an Zukunft ka gerecht ginn. Duerno gouf et nach ee Patt, an enger gemittlecher Atmosphäre, fir all de Membere fir hiren onermiddlechen Engagement wärend der Walcampagne Merci ze soen. Eng Saach steet fest: mir si prett fir den neien Challenge!🌹
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.