Dëschtennis Rued
15/02/2026
Landesmeeschterschaft 2026 🔥
Dëse Weekend konnt sech d'Nathalie zesumme mam Lynn vum DT Elwen eng exzellent 2. Plaz an der Kategorie Dubbel Dames B erspillen ! 🥈
Nodeems Sie souwuel d'Véirels ewéi och d'Halleffinall mat 3-0 gewonnen hunn, misste Sie sech mat engem knappen 3-2 an der Finall geschloe ginn.
Allez DT Rued ! 🏓
10/12/2025
‼️ 1/4 Finall Coupe de Luxembourg ‼️
Dëse Samsden ass et nees esou weit : eis Damme spillen an der 1/4 Finall vun der Coupe de Luxembourg Dames géint den DT Diddeleng 🏓
Zeitgleich gin all déi aner 1/4 Finallen och ausgedroen (Dames a Seniors)
📍Wou ? Zu Rued an der Sportshal
🕓 Wéini ? Ab 16:00 Auer (Dames) an ab 18:30 (Seniors)
Kommt bis laanscht an ënnerstetzt eis Damme ! 👏🏻
Allez DT Rued ! 🏓
02/12/2025
🚨 1/4 Finall Coupe Frantz Think
No enger zum Schluss däitlëcher 4:1 Victoire géint den DT Cado an der 1/4 Finall vun der Coupe Frantz Think ass Rued zréck an der Coque ! 🔥⚡️
Kommt eis Jongen Christophe, Louis, Nandor a Yahui den 17 Januar an d'Coque ënnerstëtzen ! 👏🏻
Allez DT Rued ! 🏓
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.