SpillTriooo
03/04/2024
Du weess jo mëttlerweil dass mir op Paräis ginn, also dass dat nächst Spill Paräis heescht. Ok ... also et heescht "Paris". 🗼 De Furri an eisem Filmstudio war grouss! 🤣 Frees du dech och schonn op deen neien Erklärvideo? 🖍 Schreif et eis an d'Kommentarer.
20/03/2024
❓ Hues du d'läscht Woch schonn erausfond wou et higeet? Nee? Dann ass hei déi nächst Hëllef, ... Oh😅, hei ass wuel eppes schif gelaf, erkenns du iwwerhaapt wat dat ass? Kommentéier hei drënner ob s du schonn "dobannen" waars. 🥳
06/03/2024
Mir hunn d'Spill Chakra virgestallt an dir och scho verroden dass et eng Erweiderung gëtt. An hei kanns du se kucken: Et si 4 Moduler déi's du eenzel dobäi spille kanns, 2 Moduler zesumme kombinéieren oder och 3 oder du spills se alle 4 zesummen. Den Ohmmm-Faktor bleift bestoen. Also vill Spaass beim testen. 🪷
21/02/2024
🇱🇺 Haut, den 21. Februar, ass den Internationalen Dag vun der Mammesprooch! 🗣Lëtzebuergesch ass eis Mammesprooch a well mir déi esou schéi fannen hu mir eis geduecht mir géinge Spillerklärvideoen an eiser Mammesprooch maachen. Den éischte Video 📺 ass do an dat mat engem Gewënnspill: https://youtu.be/0knOcF13ALo
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.